Mumm
Événement
Sur scène

De Geescht oder D’Mumm Séis

KREATIOUN VUM SAMUEL HAMEN (TEXT) AN IVAN BOUMANS (MUSÉK), AM DIALOG MAM DICKS SENGEM KOMÉIDISSTÉCK D’MUMM SÉIS ODER DE GEESCHT (1855)
Luxembourg €20

Den Auteur Samuel Hamen an de Regisseur Jacques Schiltz woen sech dofir un en absolutte Klassiker, D’Mumm Séis – net zulescht, well den Dicks 2023 säin 200. Gebuertsdag feiert. Mat Schauspill, Gesang, Orchester a Chouer iwwerféiert hir Kreatioun dëst Stéck aus dem Repertoire an d’21. Joerhonnert. Der Mumm Séis hiert Haus zu Clausen steet nach ëmmer a soll elo verkaf ginn. Et gëtt just ee Probleem: De Geescht, beim Dicks just erfonnt, gëtt et wierklech. Fir sengem Spuk en Enn ze maachen, muss dʼIerwin vum Haus, zesumme mat engem Agent immobilier, zeréck an dʼ19. Joerhonnert reesen, an dʼOriginal-Handlung vum Koméidisstéck. Esou treffen op dësem Owend fir Jonk an Al Traditioun a Modernitéit, Nostalgie an Ironie, Operette an zäitgenëssesch Ënnerhalung openeen.

Text: Samuel Hamen an Dicks (Edmond de la Fontaine)

Musek a musikalesch Leedung: Ivan Boumans an Dicks (Edmond de la Fontaine)

Chouerleedung: Andy Loor

Regie: Jacques Schiltz

Dramaturgie: Claire Wagener

Bün: Marie-Luce Theis

Kostüm: Michèle Tonteling

Regieassistenz: Sara Goerres

Sproochlech Reflexioun (Dicksioun): Nadine Ewerling

Mam: Jean Bermes, Catherine Elsen, Al Ginter, Marie-Christiane Nishimwe, Adrien Papritz, Anouk Wagener, Timo Wagner, Jules Werner

Orchester: Orchestre de Chambre du Luxembourg

An Zesummenaarbecht mam: Institut Européen de Chant Choral (INECC)

Produktioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

Dates: Di, 17/12/2023, 20h00
Ma, 19/12/2023, 20h00
Me, 20/12/2023, 20h00
Je, 21/12/2023, 20h00
Ve, 22/12/2023, 20h00
Sa, 23/12/2023, 20h00

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!