Online Chouer mam 100,7 an dem INECC
Activité
Atelier

Online Chouer mam Radio 100,7 an dem INECC

Chouersangen ass net nëmmen gutt fir d'Séil, mä et huet och zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun. Well den Ament weder Prouwen nach Concerten organiséiert kënne ginn, proposéieren den INECC an de radio 100,7 elo fir all begeeschterte Sänger en Online-Chouer. Dat éischt Wierk um Programm ass de Bach-Choral: Von Gott will ich nicht lassen.

Luxembourg Gratuit

Chouersangen ass net nëmmen gutt fir d'Séil, mä et huet och zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun. Well den Ament weder Prouwen nach Concerten organiséiert kënne ginn, proposéieren den INECC an de radio 100,7 elo fir all begeeschterte Sänger en Online-Chouer. Dat éischt Wierk um Programm ass de Bach-Choral: Von Gott will ich nicht lassen.


De Chouer funktionéiert nom Prinzip, datt sech d'Sänger bei sech doheem ophuelen. Déi eenzel Videoe ginn dann zu engem eenzegen zesummegestallt an d'Stëmme gi vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesumme gefouert an d'Resultat online gestallt.


Wéi matmaachen?
Fir ze participéiere ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, Ophuelen an Eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress "info@inecc.lu" ugemellt huet, kritt een en teschnechen "How-To", d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een den Dirigent Nicolas Billaux an et héiert een de Bachchoral.
Wann een d'Nouten e bësse geübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.


Wisou Bach?
Fir den 21. Mäerz wollt d'INECC de Projet "Bach in the Subways" organiséieren, fir deen och well e Chouer zesumme gestallt gi war. De Bach-Choral "Von Gott will ich nicht lassen" war Deel vum Programm, dee schlussendlech wéinst der Covid-19-Pandemie net opgefouert konnt ginn. Dëse Chouer gëtt elo reaktivéiert, andeems d'Sänger dëse Choral elo bei sech doheem ophuele kënnen. Den Online-Chouer ass awer net just op dës Sänger limitéiert, mä riicht sech un all Interesséierten.

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!