Estill
Activité
Atelier

Estill Voice Training | Introduction - 14.06.2025

Dr. Stefanie Rummel presentéiert eng Iwwersiicht iwwert d'Methodik an d'Funktiounsweis vum Estill Voice Training®.
Luxembourg-Gare €75

D'Exercicer vum Estill Voice Training® hëllefe bei der Stëmmhygiène an der Beherrschung vun der Stëmm. Vill vun dësen Technike gehéieren zu de Geheimrezepter vu berüümte Sängerinnen a Sänger, Gesangsproffen a Vocal Coaches weltwäit. De Kuer adresséiert sech u jiddereen, dee seng Stëmm vill benotzt: Sänger.innen, Pädagog.innen, Chouerdirigent.innen, Orthophonist.innen, Phoniater.innen, Amateuren a Professioneller.

Dës Introductioun liwwert Äntwerten op d'Fro "Wat ass Estill Voice Training®?" D'Participante kréien en Abléck an den Estill Voice Model, déi theoretesch Grondlag vum Estill Voice Training®, a léieren, wéi mir eng onbegrenzten Unzuel vu Méiglechkeete fir eis Schwätz- a Gesangsziler fillen, gesinn an héiere kënnen.

Themen:

  • Wat ass Estill Voice Training®? En Iwwerbléck!
  • Déi 13 Figuren an d'Bedeitung vum Level 1
  • 6 Qualitéiten & Level 2: Schwätzen, Falsett, Twang, Sobbing, Oper, Belt
  • Wëssenschaft, praktesch Übungen, Fangerzeechen & kënschtlereschen Ausdrock
  • Léiere vun e puer Figuren aus dem Estill System
  • Erkennen vun der klorer Systematik vun dëser Stëmmtechnik
  • Jidderee kritt Eenzeltraining. Mir maache kleng Gruppen.
  • D'Übunge gi mat Hëllef vu Lidder geprouft.

Datum: Samsdeg, 14.06.2025

Horaire: 15:00 - 19:00

Lieu: INECC Luxembourg
          52 avenue de la Gare
          L-1610 Luxembourg-Gare

Sprooch: Franséisch

Intervenante: Dr. med. Stefanie Rummel

Tarif: 75€  | 37,50€ (<27 Joer)
Opgepasst: All Participant/e muss sech eenzel a gratis iwwert d'Estill-Plattform umelle fir ee Certificat de participation ze kréien.

INFORMATIOUN: DËSEN ATELIER FËNNT OP FRANSÉISCH STATT! Deselwechten Atelier gëtt et op Däitsch de 14. Juni 2025 vu 10:00 bis 14:00 Auer:  
https://inecc.lu/LU/estill-voice-training-einfuhrung-14062025

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!