Giamba
Activité
Atelier

ArtiKISS Festival - Beatboxing Workshop

Am Kader vum ArtiKISS Festival organiséiert den Inecc e flotte Beatboxing Workshop mam Kënschtler Giamba!
Zolwer Gratuit

An Zesummenaarbecht mam Jugendhaus SABA vun Zolwer, ass d'Shadows' Night asbl frou an houfreg, iech dëst Joer den ArtiKISS Festival kënnen ze presentéieren. E fënnt statt de 16. Oktober 2021 am Artikuss zu Zolwer. Och dëst Joer ginn et erëm gratis Concerte mat der KISS forever Band, de ShadoWhisperSMoof, dem Fernanda Stange a mat Pelemele extra fir di Kleng. Ausserdeem bidde mir iech flott musikalesch Workshops a Konscht-Ateliere fir Kanner a Jonker (4-26 Joer).

Den Inecc organiséiert an dësem Kader, de 16/10 vu 15h00-17h00 e flotte Beatboxing Workshop mam lëtzebuerger Kënschtler Giamba fir Jonker ab 12 Joer!

Beatboxe ka jidderee léieren. Alles wats du brauchs, ass däi Mond, déng Lëpsen, deng Stëmm a Rhythmusgefill. An dëser Aféierung vun 2 Stonne kriss du gewise, wat méiglech mat flotten Übunge fir Beatboxing ze trainéieren. D'Zil vum Workshop ass, d'Loscht vum Beatboxen ze entfesselen.

D' Tickete fir d'Concerten si gratis! Denkt trotzdeem drun är Ticketen online ze reservéieren, esouwuel fir Mëttes, ewéi och fir Owes. Dëst wéinst den aktuelle Mesuren.

Eise Festival ass e Covid-Check Event.

Informatiounen zum Beatboxing Workshop:

Sprooch/Langue/Sprache: lëtzebuergesch

Datum/Date/Datum: 16/10/2021 (15h00-17h00)

Platz/lieu/Ort: Jugendtreff SABA Zolwer

Präis/Prix/Preis: 10€/5€ (membres asbl / Saba)

Umeldungen: ArtiKISS Workshop

Ab 12 Joer/à partir de 12ans/ab 12 Jahre

Intervenant: Giamba

 

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!