Modestine Ekete
Modestine EKETE kënnt gebierteg aus dem Kamerun an ass eng multidisziplinär Kënschtlerin, déi schonn a jonke Joeren an d'Welt vun der Bamiléké-Traditioun agefouert ginn ass. Den Theater huet si 1990 zu Yaoundé fir sech entdeckt a sech säitdeem als polyvalent Artistin bewisen.
An der Kompagnie "Le Baobab" vum Paul KENGMO zu Yaoundé huet si Danz, Gesank a Perkussioun geléiert a bei enger Rei vu Concoursen a Tournéën matgemaach. Als kamerunesche Member vum nationalen Danzkomitee huet si den éischten nationale Concours fir Danse contemporaine gewonnen. Hir Participatioun um Internationale Festival JAZZ SOUS LES MANGUIERS zu Yaoundé war den Déclic fir sech selwer méi mat der Musek ausenaner ze setzen. Als eenzeg multidisziplinär kamerunesch Kënschtlerin huet Modestine EKETE deemols mat international erfollegräiche Regisseuren a Choreographen Danz, Musek an Theaterstécker opgefouert. Si huet Molière, Brecht, Büchner a Shakespeare op Bünen an um Ecran gespillt. 1998 huet si den 2. Präis beim Festival des Arlequins de Châtel mat hirem Stéck "A la tête du client" gewonnen.
Modestine EKETE ass Matbegrënnerin a kënschtleresch Leederin vun der ASBL AlterCadence. Si lieft säit enger Rei Joeren am Grand Duché, wou si kulturell Projeten ronderëm hir dräi Disziplinen (Musek, Danz an Theater) entwéckelt. 2017 gouf hiren éischte Museksalbum Zing Ndada an der Escher Kulturfabrik verëffentlecht. Si huet den afrikaneschen an afro-contemporainen Danz a Lëtzebuerg promouvéiert an ass säit 2023 Initiatorin vum Festival "Contes d'Afrique", dee mat Hëllef vu lokale Partner méiglech war. Als Léierin fir afrikaneschen Danz a polyphone Gesank huet si ACDAMAF gegrënnt. Mat der choreographescher Kreatioun "Pont invisible" huet si bei der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 matgemaach.