
Estill Voice Training | Introduction - 14.06.2025
D'Exercicer vum Estill Voice Training® hëllefe bei der Stëmmhygiène an der Beherrschung vun der Stëmm. Vill vun dësen Technike gehéieren zu de Geheimrezepter vu berüümte Sängerinnen a Sänger, Gesangsproffen a Vocal Coaches weltwäit. De Kuer adresséiert sech u jiddereen, dee seng Stëmm vill benotzt: Sänger.innen, Pädagog.innen, Chouerdirigent.innen, Orthophonist.innen, Phoniater.innen, Amateuren a Professioneller.
Dës Introductioun liwwert Äntwerten op d'Fro "Wat ass Estill Voice Training®?" D'Participante kréien en Abléck an den Estill Voice Model, déi theoretesch Grondlag vum Estill Voice Training®, a léieren, wéi mir eng onbegrenzten Unzuel vu Méiglechkeete fir eis Schwätz- a Gesangsziler fillen, gesinn an héiere kënnen.
Themen:
- Wat ass Estill Voice Training®? En Iwwerbléck!
- Déi 13 Figuren an d'Bedeitung vum Level 1
- 6 Qualitéiten & Level 2: Schwätzen, Falsett, Twang, Sobbing, Oper, Belt
- Wëssenschaft, praktesch Übungen, Fangerzeechen & kënschtlereschen Ausdrock
- Léiere vun e puer Figuren aus dem Estill System
- Erkennen vun der klorer Systematik vun dëser Stëmmtechnik
- Jidderee kritt Eenzeltraining. Mir maache kleng Gruppen.
- D'Übunge gi mat Hëllef vu Lidder geprouft.
Datum: Samsdeg, 14.06.2025
Horaire: 15:00 - 19:00
Lieu: INECC Luxembourg
52 avenue de la Gare
L-1610 Luxembourg-Gare
Sprooch: Franséisch
Intervenante: Dr. med. Stefanie Rummel
Tarif: 75€ | 37,50€ (<27 Joer)
Opgepasst: All Participant/e muss sech eenzel a gratis iwwert d'Estill-Plattform umelle fir ee Certificat de participation ze kréien.
INFORMATIOUN: DËSEN ATELIER FËNNT OP FRANSÉISCH STATT! Deselwechten Atelier gëtt et op Däitsch de 14. Juni 2025 vu 10:00 bis 14:00 Auer:
https://inecc.lu/LU/estill-voice-training-einfuhrung-14062025
Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!