Online Chouer Nr 3
Activité
Atelier

Den Online-Chouer geet a seng drëtt Editioun

Nom grousse Succès beim éischten an zweeten Online-Chouer, lancéieren de radio 100,7 an den INECC eng drëtt Editioun, bei där jiddweree matmaache kann.

Drëtt Editioun mam Jeff Mack

Luxembourg Gratuit

Nom grousse Succès beim éischten an zweeten Online-Chouer, lancéieren de radio 100,7 an den INECC eng drëtt Editioun, bei där jiddweree matmaache kann.

Drëtt Editioun mam Jeff Mack


Gläichzäiteg mat der Publikatioun vum Video vun der zweeter Editioun, lancéieren den 100,7 an den INECC den Opruff un all Interesséierte fir déi drëtt Editioun. Den Trompettist a Sänger Jeff Mack dirigéiert dës nei Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer. Als Stéck proposéiert hien en eegent Arrangement vum bekannte Lidd "Down by the Salley Gardens". U sech wier et schonn e ganz aalt Lidd dat e bëssen aus der englesch-irescher Mythologie géif kommen, seet de Jeff Mack. Iwwer en anere Sänger wier hien dorop opmierksam ginn:
"Ech sinn iwwer den Andreas Scholl op dëst Lidd gestouss. Den Andreas Scholl huet dat als éischte Countertenor op der Night of the Proms gesongen. An dat huet mech esou faszinéiert, datt mech dat Lidd elo schonn iwwer déi lescht zéng Joer begleet."

Lauschtert den Interview mam Jeff Mack hei: https://100komma7.lu/audio/113816

Wéi matmaachen?


De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Jeff Mack dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Down by the Salley Gardens". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

Nodeems all d'Videoen erageschéckt goufen, gi se zu engem eenzegen zesummegeschnidden an d'Stëmme vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.

Umellen iwwer info@inecc.lu, ophuelen an eraschécken

Eraschécke kann een de Video bis den 1. Juli 2020!

 

*Text vum Luc Boentges (Radio 100,7)

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!